cover

De verlängerte Weekend vum 1. bis den 3. Mee 2015 war eng gutt Geleenheet, fir e Kuerztrip an d’Bourgogne z‘ënnerhuelen. De Paul hat am viraus am Internet e „Logis de charme“ erausgesicht a gebucht.

Moies no engem gudde Kaffi zu Miersch si mir am TOURAN gestart. Zu Heesdreff koum d’Christiane nach derbäi a sou hu mir äis, gutt gekeilt, zu 5 op den ca. 400 km laange Wee gemaacht. D’Wieder war schlecht an d’Wëscheren hate Leeds, de Reen an d’Sprétzwaasser vun den Autoe virdrunn ewech ze wëschen.

Eppes op 3 Auer nomëttes hate mer Dijon passéiert, a well meer eréischt géint halwer 5 an eis Zëmmere kéinte kommen, hu mer decidéiert, e klengem Emwee ze maachen an d’Zisterzienserabtei Citeaux kucken ze goen.